|
|
Wikipedia:FAQ
Ofkierzung: WP:FAQ
D'FAQ – Frequently Asked Questions enthält, opgedeelt op verschidde Säiten, Äntwerten op heefeg Froen zu der Wikipedia. Wann Der nei bei der Wikipedia sidd, kënnt Der Iech och eis Begréissungssäit ukucken. Wann Är Fro hei net beäntwert ass, kënnt Der se op eiser Froesäit stellen - do kann Iech dann en anere Wikipedianer weiderhëllefen.
- Wisou sollt ech bei Wikipedia matmaachen ?
- Ginn et Regelen, un déi ee sech hale muss ?
- Gëtt et eng Plaz, wou ech mol e bëssen testen kann, ouni eppes futti ze maachen ?
- Ech ging gären hëllefen, mee ech fäerten, Dommheeten ze soen ?
- Muss een en Account hunn oder kann een och anonym ënner enger IP-Adress schreiwen ?
- Wat ass eigentlech e User Account a wat bréngt en ?
- Ech ging gäre mäi Usernumm änneren ?
- Ech ging gären d'Attributioun fir eng Editioun änneren ?
- Wéi maachen ech e ganz neien Artikel op ?
- Wéi änneren ech en Artikel ?
- Wéi änneren ech den Titel vun engem Artikel ? Z.B. den Artikel « D'Egyptologie » sollt éischter « Egyptologie » heeschen ?
- Wéi kann ech rezent Ännerungen bei enger Säit verfollegen, ouni all Kéiers mussen op d'Säit ze goen ?
- Wat geschitt, wann zwou oder méi Persounen zur selwechter Zäit um selwechten Artikel schaffe wëllen ?
- Wéi kann ech eng Säit läschen ?
- Wéi kann ech eng Säit änneren, op deer schonn e Redirect besteet ?
- Wat ass eng Spezialsäit ?
- Wéi kréien ech e Bild op meng Säit ?
- Wéi kann ech op e Bild linken, ouni et unzeweisen ?
- Meng Biller sinn ze grouss fir d'Säit
- Ech ging gären e Bild vun der englescher Wikipedia op der lëtzebuergescher Wikipedia benotzen.
- Ech hunn eng interessant Source vun Donneeë fonnt, mee ech weess net, op ech dat a mäin Artikel kopéieren dierf ?
- De Contenu vu Wikipedia, ass deen « fräi » (am Sënn vun Open content) ?
- Ech kann d'Autorisatioun kréien, fir divers Dokumenter op Wikipedia ze benotzen. Geet dat duer ?
- Duerf een op Wikipedia Wuert fir Wuert Gesetzestexter oder aneres kopéieren ?
- Ech hunn en Artikel ugefaangen, mee si mat mengem Latäin um Enn. Wéi kréien ech anerer dozou, den Artikel ze kompletéieren ?
|